01 Programm
Hall Sportif Jeannot Bonifas, L-5451 Stadtbredimus
65, Dicksstrooss
L-5451 Stadtbredimus
Badminton
Badmintonspill kenneléieren & selwer probéiren
Showmatch
Org: Badminton Ecluse asbl Stadbriedemes
Basket-ball
Dribbelen, Shootout, Passen, 3 géint 3 Spill
Org. Musel Pikes Stadbriedemes
Beerpong à l'eau
XXL Beerpong: d'Ziel ass et de Ball an d'Tonn ze schéissen. Gëtt d'Tonne getraff, gëtt se aus dem Spill geholl. Déi Equipe déi keng Tonn méi huet, verléiert.
Org: Club des Jeunes Greiveldeng-Stadbriedemes
Sportfischerei (Sportfëschen)
Aféierung an d'Fazinatioun vum Fëschen. Schnuppercours iwwer d'Angeltechniken an déi verschidden Fëscharten
Org. Sportfëscher Stadbriedemes
Jeux de société
Millchenspill um Dësch & Petanque
Org. : Greiweldenger Leit a.s.b.l.
Jeux
Trick Shots : kleng Spiller, wou een conventionel an ennerhalsam Weeër muss fannen fir d'Spill ze léisen z.b. Dësch-Tennis Bäll iwwer verschidden Hindernisser an e Glas werfen....
Org. : Jugendwave - Jugendhaus Réimech
Seniorengym
Bewegungsspaass fir all Alter : Gym um Stull mat Zeitungen
Org.: Jugend a Sportskommissioun vun der Gemeen Stadbriedemes
Gesond Iessen, Méi Bewegen
Komm mir spillen zesummen: Jeu de la tomate, Ninjaspill, Himmelspill, Béchseschéissen, Keelefussball,
Energietankstell: Uerbst & Smoothie
Cornhole
Cornhole Spill mat Spaass a Spannung fir all Alter. Prezisioun an strategescht Denken gi gefuedert.