01 Programme
- Gratis Ateliers zu Nidderaanwen am Centre sportif "Am Sand", am "Parc de loisirs", am Verkéiersgaart, an der "Syrdall Schwemm" ewéi och um Schéissstand Bloëbierg.
- Gratis Navette (max. 8 Persounen am Minibus) ab 14.45 Auer (+/- all 20') virum Parkingberäich beim CIPA fir bei de Schéissstand.
- Food Village (Gegrills an e Gedrénksstand vun 14.00 bis 22.00 Auer an ab 18.00 Auer och Fritten am Rond-point virum Centre sportif "Am Sand".
- Fir Iessen a Gedrénks suergt och d'Jugendhaus Nidderaanwen am "Parc de loisirs": Vegan Wraps, Fritten (bis 18.00 Auer), Mocktails.
- Rendezvous: am Entréesberäich vun der Sportshal 1 (ab 14.00 Auer), an der Syrdall Schwemm (ab 13.00 Auer) an um Schéissstand Bloëbierg (ab 15.00 Auer) fir sech anzeschreiwen.
- Musikalesch Ënnerhalung mam DJ Rufs (bei der Sportshal 1) a mam DJ T-Beats (am "Parc de loisirs").
- Gratis Uebst a Waasserspender am Entréesberäich vun der Sportshal 1 (Fläsch/Bidon net vergiessen).
- Verkaf vun Hoodies, Sécherheetswesten, asw. vun der Firma Nightshift (https://n-shift.com/) am "Parc de loisirs".
- Déi eenzel Sitten a Säll sinn ausgeschëldert.
- Denkt drun adaptéiert Sportskleedung a Sportschong dobäi ze hunn.
- Fir de Spinning am Entréesberäich vum Centre de loisirs stinn 11 Vëloen zur Verfügung. W.e.g. d'Madame Dorina Peschiaroli um 661/314.699 uruffen, fir no der Disponibilitéit ze froen.
Escalade
- Monkey-Tree-Climbing (Wiederofhängeg): Klotere mat Grëffer an engem Bam.
- Monkey-Bridge: Iwwer eng 30m-Bréck vu Bam zu Bam lafen.
Fireman's Games
D'Pompjéeën vun Nidderaanwen organiséieren e Parcours "Bobby Car" an nach weider verschidden Ateliers. Dësen Atelier ass wiederofhängeg a fënnt entweder am Pompjeesbau statt oder awer am Rond-point resp. bei der Entrée vun der Sportshal 1.
Basketball
- Atelier 3:
Matcher fir all d'Kanner (och fir Net-Lizenzéierter):
Ab 16.30 Auer: U8-Match
Ab 16.30 Auer: U10-Match
Ab 18.00 Auer: U12-Meedercher
Ab 18.00 Auer: U12-Jongen
Volleyball
Verschidden Atelieren organiséiert vun ASIFEC.
Escalade
- Schnupper-Klamme mat erfuerenen Sécherer a Traineren.
- Klammen un engem décke Seel resp. op enger Seel-Leeder.
Karaté
Atelier 1: vun 16.00 bis 16.30 Auer
Atelier 2: vun 16.45 bis 17.15 Auer
Atelier 3: vun 17:30 bis 18:00 Auer
Atelier 4: vun 18:15 bis 18:45 Auer
Danse
14.00-14.20: 7-9 Joer (Hip-Hop/Modern Dance)
14.30-15.00: 10-15 Joer (Hip-Hop/Modern Dance)
15.10-15.30: 7-9 Joer (Hip-Hop/Modern Dance)
15.40-16.10: 10-15 Joer (Hip-Hop/Modern Dance)
16.20-16.50: Elteren a Kanner (gemeinsamt danzen)
17.00-17.30: Jugendlech (ab 13/14 Joer)
17.40-18.00: 7-9 Joer (lescht Ronn)
18.10-18.40: 10-15 Joer (lescht Ronn)
18.50-19.20: Erwuessener (Hip-Hop/Modern Dance - "Einsteiger" wëllkomm)
19.30-20.00: Open Session (jidereen ass wëllkomm) - fräi danzen, kleng Choreo)
Spinning
Véier hallef Initiatiounsstonnen am Entréesberäich vum "Loisi":
- Vun 16.00-16.30 Auer: mam Albert (Apie) Schmit
- Vun 16.30-17.00 Auer: mam Manuel (Man) Fernandez
- Vun 17.00-17.30 Auer: mam Theo Moos
- Vun 17.30-18.00 Auer: mam Dorina Peschiaroli
11 nei ICG IC7 Indoor-Vëloe sti gläichzäiteg zur Verfügung.
W.e.g. d'Madame Dorina Peschiaroli um 661/314.699 uruffen, fir no der Disponibilitéit ze froen.
Um Site kënnen Vestiairen an Duschen benotzt ginn (falls gewënscht). W.e.g. am Entréesberäich bei den Aschreiwungen no dem Vestiaire froen.
CENTRE SCOLAIRE "AM SAND" (ECOLE FONDAMENTALE)
Am Schoulhaff.
Tennis
Initiatioun an den Tennis-Sport a - Reegelen unhand vun Exercicen.
Parcours Inclusion
D'Maison Relais Niederanven schafft "inklusiv" an an deem Kader organiséieren si e Blannen - an evtl. een Tastenparcours am Schoulhaf beim Klootergerüst.
Fireman's Games
D'Pompjéeën vun Nidderaanwen organiséieren e Parcours "Bobby Car" an nach weider verschidden Ateliers. Dësen Atelier ass wiederofhängeg a fënnt entweder am Pompjeesbau statt oder awer am Rond-point resp. bei der Entrée vun der Sportshal 1.
Rollerblades
Animatioun a Workshops (Rollerblades & Rollerdance)
D'Jugendhaus Niederanven ass vun 12.00 bis 19.00 Auer am Parc.
Beachvolleyball
Verschidden Ateliere.
SYRDALL SCHWEMM
3, Routscheed, L-6939 Niederanven
Fitness
Fitness mat engem Trainer am neien Fitness-Beräich vun der Syrdall Schwemm.
Gratis Entrée vun 13.00 bis 20.30 Auer.
Natation
Verschidden Aktiviéiten.
Gratis Entrée vun 16.00 bis 20.30 Auer.
VERKEIERSGAART
Komplex „Am Sand“, L-6977 Oberanven
SCHÉISSSTAND BLOËBIERG
105, rue de la Montagne, L-6962 Senningen
Tir
Initiatioun: Loftgewier a Loftpistoul
10 Schéissstänn op der 10m-Bühn (Mindestalter: 11 Joer).
Kleng Sécherheitsaféierung am Ufank.
All Bunn ass mat engem "Commissaire de tir" ofgeséchert.
Navette (max. 8 Persounen): ab 14.40 Auer am 20-Minutte-Rhythmus.
Depart: Am klenge Rond-point am Beräich “Loisi”/CIPA.
Buvette op der Plaz.
Darts a Billardsdësch.